Gliddeg aus der Pan: Minck & De Toffoli

Wëll d'Bady Minck eng Revolutioun starten? Ass de Ian De Toffoli mat derbäi?
KUKt elo déi ganz Sendung "Gliddeg aus der Pan" mat der Realisatrice-Produzentin an dem Auteur, moderéiert vum Serge Tonnar.

Bady Mick & Ian De Toffoli

Share the vibe !

Dat muss gliddeg aus der Pan kommen”, sou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa se den Text net sou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert. Sou soll et och an dëser Sendung hiergoen: Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech sëtze wäert hunn. Si wëssen och net wat de Programm vun der Sendung ass, a mir, éierlech gesot, och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan, eben. An der Regie sëtzt de Kënschtler Serge Tonnar, bekannt fir seng Diplomatie a politesch Korrektheet, an intervenéiert fir dass näischt ubrennt.         
Gliddeg aus der Pan: Eng Zesummenaarbecht vum radio 100,7 an dem Kulturkanal.