Gliddeg aus der Pan: Nicool & Lorenzini

Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech sëtze wäert hunn.

Share the vibe !

"Dat muss gliddeg aus der Pan kommen", sou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa se den Text net sou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert. Sou soll et och an dëser Sendung hiergoen: Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech sëtze wäert  hunn. Si wëssen och net wat de Programm vun der Sendung ass, a mir, éerlech gesot, och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan, eben. An der Regie sëtzt d’Theaterregisseurin Anne Simon, an intervenéiert fir dass näischt ubrennt.           

Gliddeg aus der Pan: Eng Zesummenaarbecht vum radio 100,7 an dem Kulturkanal