KUKeBOOK: Isabelle Hild

KUKeBOOK est une galerie d'auteur(e)s du Luxembourg. Dans chaque courte vidéo, un(e) auteur(e) lit un extrait de son œuvre pendant que son portait est dessiné par l'illustrateur Antoine Grimée. Produit avec Kultur|lx, & radio 100,7. Ici: Isabelle Hild

KUKeBOOK

Isabelle Hild

Share the vibe !

De Pavian hänkt granzeg un enger Lian am Bam a muss sech stänneg krazen.
„Léiwe Pavian, firwat bass du schlecht gelaunt? Kann ech dir vläicht hëllefen?“, freet d’Kressida.

De Pavian jéimert: „Ech hunn um ganze Kierper Pelz! An iwwerall a mengem Pelz si Lais, déi mech bäissen! ech hätt gär manner Buuschten dorëmmer!“
„Watgelift? Manner Buuschten um Hënner? Ma dat geet an d’Rei, Pass emol op!“, seet d’Kressida.
KRESSI, KRESSA, ZAUBERHUTT, MAACH ET SÉIER, MAACH ET GUTT!
KRESSI, KRESSA, ZAUBERKONSCHT, ECH ERFËLLEN DIR DÄI WONSCH!

An zack, vun haut un huet de Pavian keng Buuschten um Hënner.

Watgelift? (PersPektiv Editions)

Isabelle Hild

D'Isabelle Hild, 1985 zu Lëtzebuerg gebuer, huet zu Kielen hir Primärschoul gemaach an ass duerno op de Lampertsbierg an de Lycée Robert-Schuman gaang. Schonn ëmmer wollt si „Joffer“ ginn, a genau dat huet si zu Lëtzebuerg op der Uni studéiert. Haut hält si do Schoul, wou si selwer als Kand liesen, schreiwen a rechne geléiert huet. Zu hiren Hobbye gehéiere Sport, virun allem Tennis, Ski, Liichtathletik, Wanderen an all Beweegung an der Natur. Och méi roueg Aktivitéite wéi liesen a mole mécht si ganz gär. Awer am allerléifsten erzielt si hire véier Kanner doheem an och hire Schüler Geschichten. A wéi si enges Daags de Wonsch hat, selwer e Buch ze schreiwen, koum d’Kressida geflunn an huet hir dëse Wonsch erfëllt.

Née en 1985 à Luxembourg, Isabelle Hild était élève à l’école fondamentale de Kehlen et puis au Lycée Robert-Schuman au Limpertsberg. Elle a continué a faire des études pédagogiques  à l’université de Luxembourg pour devenir institutrice, profession qu’elle voulait exercer depuis toute jeune. Aujourd’hui elle enseigne à Kehlen à la même école qu’elle a fréquentée pendant son enfance. Pendant son temps libre, elle adore faire du sport, notamment le tennis, elle aime faire des randonnées et du ski en montagne et se promener dans la nature. Mais également des activités plus calmes font partie de ses loisirs, comme par exemple la lecture et la peinture. Mais ce qu’elle préfère avant tout, c’est de raconter des histoires à ses quatre enfants et à ses élèves. Et au moment où elle avait l’idée d’ écrire son propre livre, la petite fée Kressida est venue à sa rencontre pour réaliser son souhait.

Antoine Grimée

Antoine Grimée besuchte die Grundschule in Gasperich und anschließend von 2004 bis 2007 das Athenäum in Luxemburg. 2007 wechselte er ans Lycée Michel Rodange in Luxemburg. Nach dem Abitur 2010 studierte er bildende Kunst an der École de recherche graphique in Brüssel. Nach dem Bachelorstudium machte er ein einjähriges Voluntariat in Santiago de Compostela im Rahmen des Europäischen Freiwilligendienstes. 2014 kehrte er nach Brüssel zurück, um sein Studium an derselben Schule mit einem Master fortzusetzen. Seit 2016 ist er freischaffender Comiczeichner und Illustrator.