KUKeBOOK: Jemp Schuster

KUKeBOOK is a gallery of writers from Luxembourg. In each short video, an author reads from his work, while his portrait is drawn by illustrator Antoine Grimée. Produced together with Kultur|lx, & radio 100,7. This time, Jemp Schuster, winner of the Lëtzebuerger Buchpräis.

KUKeBOOK

Jemp Schuster

Share the vibe !

Den 11. November ass de Krich op en Enn gaang. Déi Grozeger hunn déi Noriicht matkritt, et huet se awer net weider ëmgehäit. Just Wonesch Honoré, den Norro, deen 1916 e Been zu Verdun verluer hat, ass mat Ongedold am Duerf erwaart ginn.

From "BLUTTSËFFER – All Fra dréit hire Päckelchen" by Jemp Schuster, published by Imprimerie Centrale

Den 11. November ass de Krich op en Enn gaang. Déi Grozeger hunn déi Noriicht matkritt, et huet se awer net weider ëmgehäit. Just Wonesch Honoré, den Norro, deen 1916 e Been zu Verdun verluer hat, ass mat Ongedold am Duerf erwaart ginn. Am Ufank hat en nach déi eng oder aner Postkaart an Drauwesch geschéckt, déi lescht war op d’mannst virun engem Joer ukomm. Duerno näischt méi. D’Anna huet sech Suerge gemeet.
Et ware fënnef Méint zanter dem Klos sengem Doud vergaangen. Esoulaang hat d’Trini kee Fouss méi an d’Mille gesat. Et hat et eng Kéier bis virun d’Dier gepackt, awer et konnt einfach net an dat verfluchtent Haus eragoen. Net fir ze raumen an net fir ze botzen. De Jéis hat sech ëm d’Gedéiesch bekëmmert. D’Geessen hat en dem Metzler August verkaaft. D’Hénger hat e selwer gekäppt.
Zanter deem Onglécksdag hunn d’Leit verzielt, d’Mille wier verhext. Dem Klos säi Geescht géif duerch d’Gemaier schwiewen. Nuets géif d’Millerad vum selwen dréinen, an d’Mielsäck géifen iwwerlafen, well keen se méi géif eidel maachen.

Jemp Schuster

*29.02.1948

De Jemp Schuster schreift zanter dem Enn vun den 1970er Joren. Seng éischt Wierker ware Stécker fir de Kannertheater. Duerno koum de Kabarä derbäi. 1985 ass aus dem Nieweberuff en Haaptberuff ginn, wéi en sech als Auteur, Schauspiller a Produzent selbstänneg gemeet huet a vun do u vu senger Konscht gelieft huet.

Et si bis haut 62 Stécker fir Kanner, 38 Kabaräsprogrammer, 26 Fräiliichtspektakelen, 13 Kabaräsbicher, 4 Musicals, 2 Monographien an eng Partie Texter fir aner Geleeënheeten zesummekomm. 1985 ass d’Asbl „Spektakel“ gegrënnt ginn. Ënnert deem Numm ass dunn de Kannertheater, de Kabarä an de Fräiliichttheater produzéiert ginn.

Zu Groussbus spillt de Fräiliichttheater „De Schankemännchen“ am Summer 2022 déi 15. Produktioun ënnert der Leedung vum Jemp Schuster. Zu Kehlen „Op Schéimerech“ sinn tëschent de Joren 2000 an 2012 siwe grouss Stécker, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster, op d’Bün komm. Weider 4 Fräiliichtopféierungen huet en zu Buerschent um Schlass, mam Ensembel „Fuusslee“, tëschent 2002 an 2008, gewisen. Fir déi Gréiwemaacher Musekstheatertrupp „Rhäifränsch“ huet de Jemp 4 Stécker, tëschent 2004 an 2013, geschriwwen. De Georges Urwald huet se a Musek ëmgesat.

Säi sozialkritescht Theaterstéck D’Meedche vu Maarnech ass am Juli 2013, nom Max Goergen sengem Drama D‘Meedche vu Gëtzen aus dem Joer 1923, am CUBE 521 zu Maarnech opgefouert ginn. 2014 huet de Marc Olinger, a senger leschter Roll, dem Jemp Schuster säi Monolog Ofgeschminkt gespillt. En ass leider, wärend deem kritesche Réckbléck op dat nationaalt Theaterliewen zu Lëtzebuerg, gestuerwen.

Am Mäerz 2019 war d’Uropféierung vun Autopsy am CAPE zu Ettelbréck. Dëse Monolog fir eng Fra, mat Musek vum Georges Urwald, gespillt vum Michèle Turpel, verzielt d’Liewe vun enger Fra, déi duerch verschidden Ëmstänn zu deem gemeet gëtt, wat se ni wollt sinn.

Nodeems de Jemp Schuster selwer net méi op d’Bün klëmmt, ass 2020 säin éischte Roman erauskomm. Et ass eng Familljesaga iwwer 1000 Säiten an zwéi Bänn. Bluttsëffer an Ouereschlëffer verzielt d’Geschicht vu 5 Generatiounen, tëschent 1905 an 2005, an engem klengen Duerf am Éislek. Doriwwer eraus geet et och ëm déi sozial a politesch Verännerungen zu Lëtzebuerg an deene leschten honnert Joer.

Vun 2001 bis 2008 war de Jemp Schuster President vun der Federatioun vun de professionellen Theateren, FLTP. En ass Member vun A:LL Schrëftsteller*innen.

Antoine Grimée

Antoine Grimée besuchte die Grundschule in Gasperich und anschließend von 2004 bis 2007 das Athenäum in Luxemburg. 2007 wechselte er ans Lycée Michel Rodange in Luxemburg. Nach dem Abitur 2010 studierte er bildende Kunst an der École de recherche graphique in Brüssel. Nach dem Bachelorstudium machte er ein einjähriges Voluntariat in Santiago de Compostela im Rahmen des Europäischen Freiwilligendienstes. 2014 kehrte er nach Brüssel zurück, um sein Studium an derselben Schule mit einem Master fortzusetzen. Seit 2016 ist er freischaffender Comiczeichner und Illustrator.

Aus dem Luxemburger Autorenlexikon