Beim Kulturkanälli iwwerhuelen d'Kanner d'Direktioun vum Programm, an d'Kënschtler mussen no hirer Päif danzen!

Kulturkanälli: director's cut

Montage vum Sven Fielitz

Share the vibe !

Kulturkanälli: de ganze Programm

Share the vibe !

Fir een Nomëtteg iwwerhuelen 3 Kanner de Programm vum Kulturkanal: d'Emilie, d'Leni, d'Lilou. 3 Kënschtler stinn hinnen zur Verfügung: d'Bünebilderin Dagmar Weitze, de Mann aus dem Kannertheater Dan Tanson, an de Museker John Wolter. Zesumme gi sinn an den Troc zu Esch-sur-Alzette, dës Zort Wonnerspäicher voll mat Miwwelen, Objeten, Kreemchen a Kostümer. Hei mussen d'Kënschtler no de Kanner hirer Päif danzen, an e Live-Video-Theater-Stéck viru lafender Kamera erfannen, prouwen an opféieren. D'Kanner entscheeden wat alles wéi, wou a wéini ze maachen ass, a si sinn herno och d'Kritiker a ginn de Kënschtler hiren Feedback.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture Luxembourg