KUK Kuerz: Theater Traverse

Wa vill kleng a grouss Käpp, Hänn a Mondwierker zesummeschaffen, da kann ee ganz Geschichten erzielen! Och där, déi net esou einfach ze verstoe sinn. Wéi déi vum Sisyphus, déi d’Kënschtlerinne vun Theater Traverse zesumme mat enger Illustratrice an zwee klengen Nowuesskënschtler fir grouss a kleng Oueren an Aen nei verschafft hunn. Erzielung, Biller a sou munche Pefferkär aus Kannermënner verroden Iech, wat de Sisyphus mat eisem Alldag ze dinn huet, a firwat et heiansdo dach kann hëllefen, uerdentlech ze soueren.

KUK Kuerz: Theater Traverse

D'Geschicht vum Sisyphus

Share the vibe !

Kannerstëmmen & Iddien: Tibeau Vercauteren a Loni Weydert
Konzept: Betsy Dentzer a Milla Trausch
Illustratiounen: Mahaut de Kerleau
Text: Betsy Dentzer
Erzielung: Betsy Dentzer a Milla Trausch
Montage a Musek: Tun Tonnar
Tounopnam vum Céline Agnes um Radio Ara

Eng Kollaboratioun mat Theater Traverse a.s.b.l.