KUKeBOOK: Maï Differding

KUKeBOOK est une galerie d'auteur(e)s du Luxembourg. Dans chaque courte vidéo, un(e) auteur(e) lit un extrait de son œuvre pendant que son portait est dessiné par l'illustrateur Antoine Grimée. Produit avec Kultur|lx, & radio 100,7. Ici: Maï Differding

KUKeBOOK

Maï Differding

Share the vibe !

Ee Wuert un déi Erwuessen

Kanner kënne scho fréi kleng Aufgaben am Haushalt iwwerhuelen, an esou léieren, wat Responsabilitéit a Flichtbewosstsäin bedeiten. Och an der Kiche freeën d’Kanner sech, wa se eng Hand mat upake kënnen. Firwat also net mol eegestänneg kachen an eppes Guddes op den Dësch bréngen, wat d’Famill oder d’Frënn mat Genoss iessen? Genau dëst soll dat hei Buch de Kanner erméiglechen. Duerch d’Illustréiere vun deene verschiddenen Etappe kënnen d’Kanner d’Rezepter eleng verstoen an hunn zu all Moment een Unhaltspunkt fir sech am zäitlechen Oflaf erëmzefannen.

Mee eegestännegt Kache setzt awer viraus, datt d’Kanner Hëllef hu beim Plangen an Akafen an, datt si d’Geforen, déi an der Kiche laueren, kennen. Och wann de klenge Chef déi direkt am Ufank vum Buch ernimmt, ass et wichteg, datt Dir als Erwuessen de Kanner erkläert, wat se dierfen eleng maachen a wou se op d’Hëllef vun engem Grousse mussen zeréckgräifen. Dir kennt Äert Kand am Beschten a wësst genee, wéi vill Fräiraum Dir em beim Kache kënnt loossen. Sidd ëmmer no genuch fir anzegräifen, wann et emol brenzeleg gëtt. Grondsätzlech sollen de Bakuewen an d’Kachmaschinn ni eleng vum Kand benotzt ginn.

Kachen am klengen Alter fërdert d’Motorik beim Schneiden, Schielen, Réieren... erméiglecht de Geroch-a Geschmaachsënn weiderzëentwéckelen, léiert d’Kanner de Wäert vu Liewesmëttel ze schätzen a weist, wéi aus eenzele Produkter e gutt Iessen entsteet. Ausserdeem stäerkt et d’Selbstbewosstsäin eppes kënnen “eleng” fir anerer ze maachen. Mee dat Allerwichtegst, wat dëst Buch de Kanner soll vermëttelen, ass beim Kache Spaass ze hunn... och wa mol eppes schif geet. Et ass flott, datt Dir Ären “klenge Chef” um Wee zu engem grousse Genéisser ënnerstëtzt!

De klenge Chef (Editions Schortgen)

Maï Differding

Maï est née au Luxembourg en 1992. Après son bac en section de langues vivantes elle fait des études de pédagogie à Bruxelles. Depuis elle travaille comme institutrice dans l'enseignement préscolaire. Actuellement elle vit avec son partenaire, leur petite fille et leur chien dans le nord du pays.

Antoine Grimée

Antoine Grimée besuchte die Grundschule in Gasperich und anschließend von 2004 bis 2007 das Athenäum in Luxemburg. 2007 wechselte er ans Lycée Michel Rodange in Luxemburg. Nach dem Abitur 2010 studierte er bildende Kunst an der École de recherche graphique in Brüssel. Nach dem Bachelorstudium machte er ein einjähriges Voluntariat in Santiago de Compostela im Rahmen des Europäischen Freiwilligendienstes. 2014 kehrte er nach Brüssel zurück, um sein Studium an derselben Schule mit einem Master fortzusetzen. Seit 2016 ist er freischaffender Comiczeichner und Illustrator.